D'Liewe vun der Famill Wampach, eng typesch Lëtzebuerger Famill.
Weemseesdet: Wiem sees du et! En normaalt Liewen zu Lëtzebuerg? Eng iewescht Mëttelschichtfamill an enger typescher biergerlecher Gesellschaft. Eng Sitcom iwwer d'Luxem-Bourgeoisie, hir Generatiounskonflikter an aner méi oder manner akut Problemer. Well dat Wichtegst ass wat den Noper seet a wat en (nach) net weess. Wiem sees du et? Shopping, illegal Aarbecht, Sozialwuel a Verhütungsmëttel, Alkohol um Stéier, Auto-Fetischismus, Asylpolitik, Alzheimer Krankheet, Lumbago, Broschtkriibs, Schlag, Rassismus a Gewalt an der Schoul, Scheedung, Ontréi, Konsumgier, Karriärismus, Verbriechen, Wetten-Iwwerfall, Viagra, Uni Ofschloss , Patriotismus, Dopping, sozialen Drock an Doud! En normaalt Liewen zu Lëtzebuerg? Wiem sees du et!